Du bas hei:




Eischt Viregt

Éischt Tiparlogeschichten online

2007-07-08

Dir kënnt iech elo déi éischt Geschichten vun den Kanner ulauschteren. Jo, dir hutt richteg héiren. Mir erzielen iech elo Geschichten.
Hei fannt dir e puer vun eise Geschichten. Nach vill anerer fannt dir ënnert der Rubrik Tiparlo. Lauschtert eran!


Meng Klass leeft e Marathon

2007-06-25

Den 18 Juni hun all eis Klassen beim Projet "Meng Klass leeft e Marathon" matgemat. D'Kanner sin deen Mëtten während ongeféier enger Stonn ronderëm den Foyer scolaire gelaf. Een Tour war 262m laang. Zesummen sin d'Kanner vun Sandweiler 1002,775 km gelaaf. Super! Op der Säit www.meter4meter.lu kritt dir weider Informatiounen.


Schoulsportdag 2007

2007-03-29

Den Schoulsportdag 2007 war Donneschdes, den 29 März. No engem gemeinsamen Warming up op Musik am Centre Culturel, goung et zeréck bei d'Schoul wou mir eis op verschiddenen Statiounen bewegt an ameséiert hun.


Schoulfest

2006-07-08

Den 8. Juli war dat grousst Schoulfest zu Sandweiler. Et war eng super Stëmmung an déi éischt Fotoen sinn online.


Eischt Wiki-projeten online

2006-05-26

Dir kennt elo aktiv um Tierlexikon matschreiwen oder ierch iwer d'Déiren informéiren. Och d'Informatiounen vun den Sakarosversammlungen sin elo online.


Eischt Webbooks online

2006-05-17

Op eiser neier Websäit sinn schon déi éischt Webbooks online, wou verschidden Klassen hir Aktivitéiten an Texter präsentéieren.


Eischt Viregt